Summerstage - HMD & Guests

summerstage
Category
HMD Wind Orchestra
Date
Friday, 14 July 2023 20:00
Venue
an der Leh

Harmonie Municipale Dudelange & Guests au parc Leh

20 Auer - Concert vun den Young Harmonists

20:45 Auer - HMD & Guests

 

Am flotte Kader vum Parc Léi trieden de 15. Juli d’Diddelénger Stadmusik (HMD) a Gäscht zesumme fir den traditionelle Summerstage-Concert op, bei deem dës Kéier méi oder manner rezent Poplidder am Mëttelpunkt stinn.

 

Special guests als Sänger sinn d‘Ingrid Schwarz-Lurf, dat de Moment an der regionaler Musiksschoul zu Diddeléng Gesangsunterricht am Beräich Jazz/Rock/Pop gëtt, den Armand Thies, deem säi Fokus op Rock/Pop, respektiv Swing/Jazz läit, d‘Sandra Morroni, dat net nëmme Member vun der Diddelénger Stadmusik ass, mä och als Sängerin am Vokalensembel „The Duke’s Singers“ aktiv ass, an d’Luana Cardoso, och Member vun der HMD a Sängerin vum Enseignant Joël Hayard sénger Combo.

 

Um Programm stinn ë.a. d’Lidder „Valerie“ (Amy Winehouse), „Thriller“ (Michael Jackson), „Skyfall“ (Adele) a „Music“ (John Miles), genee wéi „The Best of Roger Cicero“ an e „Robbie Williams Medley“.

 

 

Entré libre

 

 

 

 
 

All Dates

  • Friday, 14 July 2023 20:00
Sponsors